Hei weist sech alt erëm eng Kéier den Armut vum politesche System zu Lëtzebuerg.
Et ass onverantwortlech, dee ganzen Débat, wou enorm vill Liewen & Fräiheeten um Spill stinn, an esou engem Zäitdrock ze féieren.
D'Politiker si jo, wéi et schéngt (an dat ass net ons Meenung, well mir mengen dass se léien) ganz schlecht informéiert, an elo, wou se d'Geleeënheet haten, hir Informatiounen rectifiéiert ze kréien, muss alles schnell schnell goen.
Dës Weidere goufen an der Chamber och nach Iwwersetzer engagéiert, déi sech mat an dëser Debatt gebrauchte Fachwieder net auskennen. Et gëtt also op där enger Säit gehetzt, an op där anerer Säit ginn d'Petitionnairen dauernd ausgebramst, well d'Iwwersetzer net nokommen.